Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Benotzungskonditiounen

Fir datt Hattrick mat den europäesche Gesetzer iwwer d'Verschaffe vun den Donnéeën an iwwer d'Privatsphär an Accord ass, muss d'Benotzungskonditioun akzeptéieren, éiers de Accès op däi Benotzerkont kriss.

Dat heiten ass e Résumé vun de wichtegste Punkte vun de Benotzungskonditiounen an, wann et Differenzen tëschent dësem Text an dem engleschen Text ginn, hunn d'Benotzungskonditiounen op Englesch Recht.

1. Wann s de dech fir Hattrick umells, benotz deng richteg Kontakt Donnéeën. Dat mécht et fir eis méi einfach, fir den Identitéit ze iwwerpréiwen a fir der ze hëllefen, wann s de um Site a Schwieregkeete kënns. Fairplay ass fir eis ganz wichteg an d'Gamemastere vun Hattrick verbrauche vill Zäit, fir Gefuddels ze vermeiden oder aus der Welt ze schafen. Korrekt Donnéeën hëllefen hinnen dobäi.

Wann s de manner wéi 13 Joer al bass, däerfs de keen Hattrick spillen. Wann s de tëschen 13 a 16 Joer hues, kanns de dech just mam Accord vun dengen Elteren umellen.

2. Du solls ëmmer d'Hausregele respektéieren. Du däerfs just ee Benotzerkont gläichzäiteg hunn. Du däerfs net fuddelen oder versichen, fir Hattrick oder engem anere Benotzer säi Benotzerkont ze hacken. Vergiess och net eis Netiquette a behuel dech manéierlech. Du däerfs net aner Benotzer menacéieren oder beleidegen oder hinne Spam schécken. Respektéier och ëmmer d'Auteursrechter vun den anere Leit.

3. Wann s de dës Regelen net respektéiers, kanns de deng Ekipp verléieren oder aus dem Spill erausgehäit gi vun engem Gamemaster. Deng Ekipp gëtt och geläscht, wann s de dech siwe Wochen net connectéiert hues.

4. Mer versichen eise Service esou gutt wéi méiglech ze bedreiwe wéi et geet. Mer kënnen awer net garantéieren, datt alles ëmmer disponibel ass an datt ni Donnéeë verluer ginn.

5. Wann s de Donnéeën an eise System erantipps, gëss de eis d'Recht, fir déi Donnéeën ze benotzen. Deng Privatsphär ass awer fir eis wichteg a mer respektéieren d'Regele vun der Europäescher Unioun iwwer d'Privatsphär.

Mer wäerten der ni Spam schécken oder enger drëtter Persoun, déi näischt mat Hattrick ze dinn huet, Accès op deng Donnéeë ginn.

Heiansdo kann et passéieren, datt mer der en Newsletter schécken oder Saachen, déi mat dem Spill selwer ze dinn hunn, wéi zum Beispill eng Erënnerung un däi Passwuert.

Mer benotzen op eisem Site Cookies fir datt de Site sech besser benotze léisst.

Du kanns eis komplett Deklaratioun iwwer d'Privatsphär op Englesch liesen.

6. Mer hu vill Joeren haart un Hattrick geschafft a mer hoffen, datt s de verstees, datt s de, wann s de eppes vun Hattrick ausserhalb vun Hattrick benotze wëlls, fir d'éischt eis Erlaabnis muss hunn.

Et kann passéieren, datt mer d'Benotzungskonditiounen oder eis Déklaratioun iwwer d'Privatsphär mussen änneren. An deem Fall gëss de dat iwwer de Site gewuer.

 
Stage